Déi Jonk Gréng

Am Prinzip handelt et sech bei eis ëm jonk Leit, déi sech dofir interesséieren, wat ronderëm si geschitt. Si hunn eescht Problemer de Mond ze halen an alles ze akzeptéieren, an hunn éischter d’Tendenz sech anzemëschen an ze weisen, datt et och besser geet. Sou setzen si sech beispillsweis fir eng besser Schoul, fir de Schutz vun der Ëmwelt an d’Bekämpfe vum Klimawandel, fir d’Legaliséierung vu liichten Drogen oder fir eng gerecht Globaliséierung an.

Et besteet eng statutaresch festgeluechten Altersgrenz, déi seet, dass ee mat méi wéi 30 net méi “jonk gréng” ka sinn, mä nëmmen nach “gréng”. Soss kann awer jiddereen(t) bei där Spezies matmaachen. All Mënsch ass wëllkomm a gëtt häerzlech empfaang.

déi jonk gréng goufen den 23. Abrëll 1996 gegrënnt a funktionéieren autonom vun hirer Mammepartei déi gréng, mä vertrieden grosso modo déi selwecht Iddien, schaffen enk mat hinnen zesummen an hunn och een eegene Jonke Vertrieder am Parteirot (Comité exécutif vun déi gréng ) sëtzen.

Generalversammlung
Déi grondleeënd Decisioune gi vun der Generalversammlung vun déi jonk gréng geholl. Si gëtt mindestens eemol am Joer organiséiert an op der Generalversammlung ginn och di zwee Spriecher an de Rescht vum Comité fir d’Dauer vun engem Joer gewielt. Jiddereen, deen als Member bei déi jonk gréng agedroen ass, gëtt op d’Generalversammlung invitéiert an huet do d’Stëmmrecht. Am Summer fënnt normalerweis eng “Summer-A.G.” statt.

Ons Statuten an onsen Réglement d’Ordre Intérieur kanns du hei noliesen:
Eis Statuten & Réglement d’ Ordre Intérieur

Contact:
www.jonkgreng.lu
jonk@greng.lu

Adresse:
4, rue St. Esprit
L-1475 Luxembourg

Date de fondation :
1996
Déléguée auprès de la CGJL: Gina Arvai