Dënschden, den 20. a Mëttwoch, den 21. Juli 2010 fënnt vu 14-18 Auer den nächste Workshop am Casino Luxembourg statt.
Zesumme mam Olaf Val, Kënschtler aus der Ausstellung Ceci n’est pas un Casino an Erfinder vum Mignon Game Kit 2.0, a mam Tessy Margue produzéiert jidderee während zwee Deeg säin eegent klengt portabelt Computerspill!

De Mignon Game Kit ass e Bausaz mat deem een e minimalistesche Gameboy entwerfen, bauen a programméiere kann. Am Workshop sammelt een net nëmmen éischt Erfahrunge mat der Mikroelektronik, mä et léiert een och individuell Computerspiller entwéckelen!

Pong, Pac-Man, Snake a Vier gewinnt, bleiwen hei net nëmmen eng nostalgesch Erënnerung!

Participatioun 35 € (dovunner 25 € fir d’Material) / Max. 16 Plazen / L, D
Weider Informatiounen an Aschreiwunge beim Anne Reding: T (+352) 22 50 45,

 

Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! Sie müssen JavaScript aktivieren, damit Sie sie sehen können.
www.mignongamekit.com