02. Juli 2010
Dexia BIL an de Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain hu sech associéiert fir während der grousser Vakanz dem jonke Publikum innovativ Atelieren unzebidden.
Déi verschidden Atelieren erstrecke sech op 5 Deeg (vu Méindes bis Freides), si daueren all Dag vu 14 bis 18 Auer. Um Enn vun all Woch fënnt an der Galerie e richtegen « Accrochage » statt wou déi Jonk d’Resultater vum jeeweilegen Atelier ophänken an an Szene setzen; e klenge « Vernissage » gëtt och all Kéiers gefeiert. Esou wiisst d’Ausstellung vu Woch zu Woch bis se dann den 13. August komplett ass!
Vum 16. August bis de 17. September kënnen d’Visiteure sech dann d’Ausstellung Jonk Besetzung vu Méindes bis Freides vun 8 bis 18 Auer ukucken.
De Vakanzeworkshop Ceci n’est pas une roulotte (L, F) fir Jugendlecher (vun 12 Joer un / fir max. 16 Jugendlecher) fënnt vu Méindeg, de 26. bis Freideg, den 30. Juli 2010 zesumme mat mat der Fotografin Neckel Scholtus statt.
Wien interesséiert sech fir Konscht a Fotografie? Wie war nach ni an engem Fotoapparat!? Wien huet nach ni mat enger Schongkëscht oder Kaffisdous Fotoe gemaach!? An och nach ni selwer Fotoen entwéckelt!? Dann ass dësen Roulot’ographiesatelier genau dat richtegt fir deen! Mir fänken u mat engem Abléck an d’zäitgenësseg Konscht, méi präzis an d’Ausstellung Ceci n’est pas un Casino. Do dréit sech alles ëm d’Spill, mä awer och ëm d’Frustratioun net spillen ze kënnen. Jidderee geet vun enger Iertumssituatioun aus an där ee mengt et wier eppes wat net ass. Mat e puer Tricker mécht jiddereen dann duerno Fotoen an deenen
dem Betrachter eppes virgemaach gëtt wat net ka sinn. Direkt nodeems dës Fotoe gemaach sinn, entwéckelt ee se selwer am Roulot’ographe, deem mobile Fotoapparat a Fotoslaboratoire.
• Treffpunkt ass den 1. Dag um 14 Auer am Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain, di aner Deeg treffe mir eis direkt an der Galerie l’Indépendance vun Dexia BIL.
An Zesummenaarbecht mat jusquici asbl /
www.roulotographe.lu
D’Participatioun fir ee jonke Besetzer kascht 70 EUR.
Aschreiwungen a weider Informatioune gëtt et um Tel : (+352) 22 50 45 a per E-Mail
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! Sie müssen JavaScript aktivieren, damit Sie sie sehen können.




