Organisations politiques
23. Februar 2009
Als jéngste Member vun der CGJL wëlle mir ons op dëser Plaz virstellen. D’ADR-Jugend ass eng jonk an dynamesch Equipe. Wei den Numm et schonns verréit sti mir dem ADR no. Dat heescht awer net, datt mir einfach nëmmen déi Jonk vum ADR sinn. Mir sinn eng autonom Associatioun vu politesch interesséierte Jonken. Eegestänneg bilde mir eis ons eege Meenung zu deene verschiddensten Themen. Mir schaffen aktiv an der lëtzebuerger an europäescher Politik matt an droen ons Meenung op eng konstruktiv Manéier zu allen aktuellen Theme bäi.
Ons Memberen sinn a ville Veräiner a Gremien, op lokalem, wei op nationalem Plang engagéiert. Ons Leit partizipéieren och als Kandidate bei de Gemengen-, Chamber-an Europawahlen, an hunn dobäi bis ewell ganz gutt Resultater erziilt.
Mir setzen ons a fir eist Ideal vun enger gerechter Gesellschaftsuerdnung. An dësem Engagement loosse mir ons net duerch iergendwellech politesch Ideologien anenken. Mir halen op eis Eegestännegkeet a Fräiheet am Denken an Entscheeden - dat fir eng nei Politik ze maachen. Eng Politik, déi sech souwuel fir demokratesch, sozial an ökologesch Iwwerzeegungen asetzt. Hei handelt et sech an eisen Aen ëm Wäerter déi méi ewéi jee musse vertruede ginn. Mir wëllen dowéint net als Eenzelkämpfer optrieden, mä zesumme mat all deene wierken, déi déi selwecht Ziler verfollegen.







