Du bass jonk a wëlls gäer mat de lëtzebuerger Politiker iwwert Themen diskutéieren déi dir um Häerz leien?

Da komm de 24. November an d’Chamber fir mat Experten, anere Jonken a Politiker iwwert Ëmwelt, Politik, Gläichberechtegung, Radikalisatioun an deng Zukunft ze schwätzen.

Maach mat an engagéier dech fir deng Iddien!

 

Du hues d’Wiel zwëscht 5 verschidden Atelier’en:

„Jugend & Politik”

“Jugend & Zukunft”

“Jugend & Gläichberechtegung?”

“Jugend & Ëmwelt”

“Jugend & Radikalisatioun”

 

Détailléiert Beschreiwung vun den Atelier’en

 


Onlineaschreiwungen


Och dëst Joer fënnt de Jugendkonvent ërem am Kader vum ‘No Hate Speech Movement’ statt, deen nach bis Enn 2017 zu Lëtzebuerg leeft.

Klick hei fir méi Informatiounen zum „No Hate Speech Movement Luxembourg“:

Stampa

Op Facebook fënns du all News zum Jugendkonvent 2017: Facebook/Jugendkonvent